New! „The Human Scale“. 15. März 2018 – 19h00

An der Serie „Focus 21“ weise mer de Film „The Human Scale“. Zenter e puer Joerzéngten stellt den Architekt an Urbanist Jan Gehl d’Liewen vun de Mënschen an de Groussstied an de Mëttelpunkt vu senger visionärer Aarbecht. Dobäi geet et dem Architekt drëms neit Liewen an d’Innenstied ze bréngen. D’Relatioun zweschen gebauter Ëmwelt an der Liewensqualitéit vun de Bewunner ass fir de Jan Gehl a seng Kollegen zentral. Et geet och drem, dass d’Stied net um Autosverkéier erstécken, mee dass och Plaz fir Foussgänger a Vëlosfuerer geschaaf gëtt. Dobäi ginn prominent Beispiller aus Europa, Neuseeland, USA a China gewisen. Et ass eng Dokumentatioun, déi weist wéi een d’Verstädterung, déi eng Tatsaach ass, trotzdeem mat Architektur kann positiv gestalten.

15. März 19h00 – Centre Prince Henri, Walferdange
De Film gëtt an der englescher Originalversioun gewisen mat däitschen Ënnertitelen.  Nom Film kann bei engem Patt diskutéiert gin.

Focus 21: le social / Soziales

Focus21: Flott a beweegend Diskussioun zum Thema Soziales mat enger interessanter Projectioun vum Film “I, Daniel Blake”.

Am Kader vun der Serie „Focus 21“ organiséiert d‘LSAP-Walfer eng Diskussioun iwwert Problemer an Erfolleger vun der sozialer Ofsécherung, iwwert eventuell Grenzen vum Sozialstaat an awer och iwwert d’Zukunft vun eiser Gesellschaft.

Link: “I, Daniel Blake” (Ken Loach)

Dans le cadre de sa série « Focus 21 » le LSAP-Walfer organise une soirée sur le thème de la protection sociale, les limites éventuelles de nos systèmes sociaux et l’évolution future de notre société.

 

focus21

Focus21 ist eine Serie von Diskussionsabenden, organisiert durch die LSAP-Walfer. Unterschiedliche Themen aus den Bereichen der Gesellschaft, der Umwelt, des Sozialen etc. werden hier diskutiert. Anhand eines Filmbeitrags wird das Thema eingeführt, danach können alle Anwesenden sich an der Diskussion beteiligen. Der Eintritt ist natürlich frei!

Focus21 est une série soirée à thèmes, organisées par le LSAP-Walfer. Différents Sujets comme par exemple la société, l’environnement, le social etc. sont discutées. Le thème est introduit à partir d’un film. Suite à ce film le public pourra discuter sans contraintes. L’entrée est évidemment libre!